National Impfcampagne COVID-19

Léif Biergerinnen, léif Bierger, Am Kader vun der nationaler Impfcampagne COVID-19 proposéiert d’Gemeng Walbriedemes hiren Bierger en Transport-Service, deen Iech an Ären Impfzenter Munneref bréngt. Dës Offer riicht sech un déi Bierger, déi am Kader vun den Impf-Phasen 2 an 3 eng Aluedung vum Staat krit hunn fir sech ze impfen, also :

 → Persounen ab dem Alter vu 55 Joer

                 → Vulnerabel Persounen 

 

→Dir hutt eng beschränkt Mobilitéit a Schwieregkeete fir Iech ze deplacéieren. 

→Dir hutt keng Persoun déi Iech kann an en Impfzenter begleeden (Familljemember, Soins à domicile, ...)

 

An deem Fall, kontaktéiert Är Gemeng via Telefon um 35 70 88 1 soubal Dir d’Bestätegung vum Rendezvous kritt hutt. Mir organiséieren Iech den Transfert an Zesummenaarbecht mat der Firma Luxtours s.à.r.l. vu Réidt déi Iech an den Impfzenter Munneref féiert an ërem zeréck Heem bréngt. D’Käschte gi komplett vun der Gemeng iwwerholl.